Dat war d'Coupe scolaire 2014

am .

Den 31. Mee 2014 huet d’Elterevereenegung APERM wéi all Joer, an Zesummenaarbecht mat der Mobilitéits- an Transportkommissioun a mam Léierpersonal zu Reckeng, déi lokal Coupe scolaire organiséiert.

{flike}

Bei der Coupe scolaire geet et em d’Förderung vun der Verkéierserzéiung fir Schoulkanner aus de Cyclen 4.1 & 4.2. Dëst Joer si 45 Schoulkanner mam Vëlo e Parcours duerch Reckeng gefuer a goufe bewäert op hiert Verhalen am Stroosseverkéier.

Donieft gouf och e Geschécklechkeetsparcours opgeriicht. Hei sinn d’Schüler beim Pompjeesbau e Parcours ofgefuer an hu verschidden Hindernisser misse bewältegen.

Folgend Kanner konnte sech dëst Joer duerchsetzen :

  • Coupe scolaire:

1) Da Costa Goncalves Lara
2) Pohl Sarah
3) Hoffmann David

  • Geschécklechkeetsparcours:

-) Weyland Theo
-) Hoffmann David
-) Marso Jeremy
-) Braun Conny

E grousse Merci nach eng Kéier un déi vill Leit, déi eng Hand mat ugepak hunn. Ouni sie wär déi Organisatioun guer net méiglech.

D’Lara Da Costa Goncalves vertrëtt eis Gemeng op der nationaler Finale vun der Coupe scolaire vun der Sécurité Routière. Dës gëtt dëst Joer den 6. Juli 2014 vun 14 Auer un bei eis zu Reckeng duerchgefouert.

 Gruppefoto

 

CS2017_1.jpg CS2017_2.jpg CS__2018.jpg

FlyerCoupeScol2014.PNG _DSC1889_tn.jpg _DSC1905_tn.jpg

_DSC1908_tn.jpg _DSC1921_tn.jpg _DSC1936_tn.jpg

_DSC1971_tn.jpg _DSC2012_tn.jpg _DSC2014_tn.jpg

_DSC2015_tn.jpg _DSC2016_tn.jpg _DSC2031_tn.jpg

_DSC2034_tn.jpg _DSC2042_tn.jpg _DSC2043_tn.jpg

_DSC2046_tn.jpg _DSC2078_tn.jpg progr_CoupeScol_2014.png