Coupe scolaire 2017 - Resultater

am .

Nodeems d'Schüler aus dem Cycle 4 een theoreteschen Test mat Succès ofgeschloss hunn, gouf de 27. Mee 2017 zu Reckéng op der Mess déi alljährlech Coupe scolaire duerchgefouert. Et hunn insgesamt 44 Schüler dorun deelgeholl.

D'Gewënner vun der Coupe Scolaire op der Strooss sinn:

  • 1. Plaz: TONNAR Claire
  • 2. Plaz: SCHEVERS Laureen & RAUS Timmo

An dëser Competitioun ass et drëm gaangen, fir ee Parcours duerch d'Duerf ze fueren an d'Verkéiersregelen richteg unzewennen.

D'Gewënner goufen mat engem Akafsbong, gesponsert vun der APERM, belount.


D'Gewënner vum Geschécklechkeetsparcours goufen jeeweils mat engem Gesellschaftsspill, gesponsert vum Verkéiersverbond, belount:

  • 1. Plaz: MAUS Jesper
  • 2. Plaz: SCHMITZ Max
  • 3. Plaz: HEIN Leri

Um Geschécklechkeetsparcours konnten d'Schüler weisen, dass se mat hirem Vëlo verschidden Hindernisser meeschteren.

D'Gewënner kruten é Vëlosbiddon mat enger Halterung, gesponsert vun der APERM.


 

Och dëst Joer waren erëm vill Leit, déi eng Hand mat gepackt hunn. Mir soen jidderengem villmools Merci fir déi wäertvoll Hëllef!

Merci och un all d'Sponsoren BIL & Groupe CK. Dank hinnen huet kee missen mat eidelen Hänn heem goen. All Schüler huet én Diplom an e puer Gadget'e kritt.