Coupe scolaire 2018 - Resultater

am .

Nodeems d'Schüler aus dem Cycle 4 een theoreteschen Test mat Succès ofgeschloss hunn, gouf de 16. Juli 2018 zu Reckéng op der Mess déi alljährlech Coupe scolaire duerchgefouert. Et hunn insgesamt 49 Schüler dorun deelgeholl.

D'Gewënner vun der Coupe Scolaire op der Strooss sinn:

  • 1. Plaz - 5 Leit hu sech d'selwecht classéiert: 
    Charlotte BÄNSCH, Emma LUDWIG, Jackie LUX, Laura MATHIEU, Dayna RAUS

An dëser Competitioun ass et drëm gaangen, fir ee Parcours duerch d'Duerf ze fueren an d'Verkéiersregelen richteg unzewennen.

D'Gewënner goufen mat engem Akafsbong, gesponsert vun der APERM, belount.


D'Gewënner vum Geschécklechkeetsparcours goufen jeeweils mat enger Velospompel an engem Velos-schlass, gesponsert vun der APERM, belount:

  • 1. Plaz: Dorian CARDOSO
  • 2. Plaz: Max SCHMITZ
  • 3. Plaz: Jesper MAUS

Um Geschécklechkeetsparcours, konnten d'Schüler weisen, dass se mat hirem Vëlo verschidden Hindernisser meeschteren.


Och dëst Joer waren erëm vill Leit, déi eng Hand mat ugepackt hunn:

  • D'Léierpersonal
  • Den Downhill Club - www.downhillreckange.lu
  • D'Elteren
  • D'Elterevertrieder
  • D'Gemeng: den technësche Service & d'Administratioun
  • D'Pompjéen (Permanence an éischt Hëllef)
  • D'Gemeng Suessem (Ausléine vum Geschécklechkeetsparcours)

Mir soen jidderengem villmools Merci fir déi wäertvoll Hëllef!

Merci och un all d'Sponsoren . Dank hinnen huet kee missen mat eidelen Hänn heem goen. All Schüler huet én Diplom an e puer Gadget'e kritt.