Coupe scolaire 2019 - Resultater

am .

Nodeems d'Schüler aus dem Cycle 4 een theoreteschen Test mat Succès ofgeschloss hunn, gouf de 18. Mee 2019 zu Reckéng op der Mess déi alljährlech Coupe scolaire duerchgefouert. Et hunn insgesamt 52 Schüler dorun deelgeholl.

D'Gewënner vun der Coupe Scolaire op der Strooss sinn:

  • 1. Plaz - Laura MATHIEU
  • 2. Plaz - Maya LESCH
  • 3. Plaz - Julie TONNAR 

An dëser Competitioun ass et drëm gaangen, fir ee Parcours duerch d'Duerf ze fueren an d'Verkéiersregelen richteg unzewennen.

D'Gewënner goufen mat engem Akafsbong, gesponsert vun der APERM, belount.


D'Gewënner vum Geschécklechkeetsparcours goufen jeeweils mat engem Akafsbong, gesponsert vun der APERM, belount:

  • 1. Plaz: Nik BELLWALD
  • 2. Plaz: Tom JADIN
  • 3. Plaz: Sam WEILER

Um Geschécklechkeetsparcours, konnten d'Schüler weisen, dass se mat hirem Vëlo verschidden Hindernisser meeschteren.


Et ass kee Kand mat eidelen Hänn heem gaangen. All Kand huet niewt klenge Gadget'en och nach eng kleng Plooschterposch an eng Trousse mat Velos-Fléck-geschier kritt.


Och dëst Joer waren erëm vill Leit, déi eng Hand mat ugepackt hunn:

  • D'Léierpersonal
  • Den Downhill Club - www.downhillreckange.lu - (Vëloskontroll & Geschécklechkeetsparcours)
  • D'Elteren
  • D'Elterevertrieder
  • D'Gemeng: den technësche Service & d'Administratioun
  • De CGIS Monnerech (Permanence an éischt Hëllef)
  • D'Gemeng Suessem (Ausléine vum Geschécklechkeetsparcours)

Mir soen jidderengem villmools Merci fir déi wäertvoll Hëllef!

Photo: Akim Schmit

Photo: Akim SCHMIT

D'Photoen vum Akim Schmit fannt Dir ënnert dësem Link: http://www.reckange.lu/mediatheque?media=184