Resultat - Ëmfro betreffend dem Schoulsystem
De Mëttwoch, 23. Juli huet de Schäfferot enger Delegatioun, bestehend aus jeeweils engem Représentant vun der Schoulkommissioun, dem Léierpersonal, den Elterevertrieder an der Elterevereenegung APERM d'Resultat vun der Ëmfro betreffend dem Schoulsystem presentéiert.
{flike}
138 Formulairen waren un all déi Familljen verschéckt ginn, déi des Schouljoer op mannst ee Kand an de Cyclen 1-4 haten. 98 Äntwerten sinn zeréckkomm (71%).
- 64 Haushalter (65,3%) sinn zefridden mam bestehende Schoulsystem.
- 32 Haushalter (32,7%) sinn net zefridden mam bestehende Schoulsystem
- 2 Haushalter (2%) hunn een neutralen Ziedel ofginn
--> Domadder bleift den aktuellen Schoulsystem bestoen.
En offiziellt Resultat gëtt vun der der Gemeng an den nächsten Deeg verschéckt.
Vill Leit hunn och hire Choix kommentéiert. Et koumen méi oder wéineger ëmmer déi selwecht (bekannten) Argumenter.