Ënnerstëtzung Zirkusfest

am .

Mir si frou fir matzedeelen, dass d'Elterevereenegung APERM den Zirkusprojet mat 3000 Euro ënnerstëtzt. Dëst entsprécht méi oder wéineger dem Benefice vun engem ganze Joer.

Mir kënnen dat maachen, well mer, net zu läscht och duerch Är Hëllef, an enger confortabeler finanzieller Situatioun sinn. Trotzdem si mir weiderhin op Är Hëllef ugewisen.

Dir kënnt z.Bsp. eng Memberskaart huelen (et ass nach net ze spéit dofir ;-) - 8 € - LU21 0026 8100 4147 4600 BILLLULL mat der Mentioun « cotisation 2016/2017 ») an/oder de Freideg um Chrëschtmaart an der Schoul é Patt bei eis an d'Buvette drénke kommen.

Merci fir Är Ënnerstëtzung!

Elo scho wënsche mir Iech ganz schéi Feierdeeg an e gudde Start an dat neit Joer!