Schoulsystem an Horaire

am .

Iwwert eise Facebook-Grupp 'Elterevereenegung Reckeng op der Mess' ass am August 2013 folgend Fro gestallt ginn:

"Moien
Hu mol sou eng fro un iech
De Pilot Projet Schoul d'Woch iwwer bis 13-00 plus samschdes muurjes wéini ginn do Konklusioune gezunn ? Déi betraffe Schüler missten dach lo schonn 13emen hannert sech hunn an Analysen op Pobeier sinn
Aus Virwëtz : A virwaat ass dat sou entscheed ginn?"

Eis Äntwert dozou:

Offiziell Conclusioune gi keng gezunn.

Et sinn am Moment Diskussiounen ënner de Leit aus der Gemeng zum Thema Schoulsystem. Mir (Aperm) hunn dat Thema och kuerz mat dem Léierpersonal an der Gemeng beschwat. Allerdéngs gëtt et nach näischt
Konkretes ze berichten. Et gouf ledeglech én Inventaire gemaach, waat betraff ass a wéi eng Inconnu'en ët nach ginn, wann den heitegen Schoulsystem ännert (Horaire, Acceuil, Masion relais, Bustransport asw, asw.).

Ugeduecht ass, fir eng Tableronde ze organiséiren zu deem Thema, op där soll konstruktiv diskutéiert ginn an op där all bedeelegt Partner (Elteren, Léierpersonal, Gemeng, Maison relais an all déi, déi ech elo vergiess hunn (sorry!)) soll d'Chance kréien, fir seng Meenung ze soen.
Der Aperm schwieft fir, fir esou eng Tableronde um Owend vun eiser Generalversammlung am November ze organiséiren. Dat bleift awer nach ze confirméieren. Also onbedéngt den Datum elo schonn am Kalenner markéieren: 21. November 2013 am Pëtzenhaus.

Zu Dénger Fro, firwat dat sou entscheet gouf, hu mer den Historique (mat Hëllef mam Léierpersonal) zesummegedroen:

Dat ganzt ass ugaange wéi vun deenen dräi Reliounsstonnen eng ewechgefall ass. Deemools war nach deen anere Schoulsystem inkl Samschdes Schoul. Do hun se sech zu Reckeng iwwerluecht fir de Kanner eppes unzebidden amplaz Samschdes einfach eng Stonn manner Schoul ze hunn. Dat war den Ufank vun den Optiounsatelieren. Well den Undrang an d'Begeeschterung vun de Kanner esou grouss war, ass dunn d'Iddi opkomm fir dat net just 1 Stonn Samschdes ze maachen, mee auszebauen. Doraus ass de Schoulprojet mam neien Horaire entstanen. D'Haaptfächer sinn all, bis op e puer kleng Ausnamen, moies virun der Paus well d'Kanner do nach méi frësch a fit sinn. Dat war déi Zäit e Projet, deen huet misse vun dem Inspekter, der Gemeng an dem Ministère accordéiert ginn. Deen ass och dono all Joer nees am Gemengerot accordéiert ginn. No all deene Joeren ass aus dem Projet eise Schoulsystem ginn. Mam neie Schoulgesetz huet dat sech geännert well jo do de PRS bäikomm ass. Den Schoulsystem ass doran integréiert, sou dat deen doduerch automatesch mam PRS vun allen Instanzen accordéiert gëtt.

Étuden iwwert eise Schoulsystem ginn et keng. Et ass och statistesch kaum noweisbar ob de System de Schüler é Virdél bréngt oder net, och schonn eleng well den Échantillon vun de Reckener Schüler vill ze kleng ass am Verglach zum ganze Land an am Verglach zu de sozialen Niveauen an de Schoulen duerch d'Land.

Bescht Gréiss, Marc Ludwig